
Déi Europäesch Agence ass fir d’Iwwerwaachung vun de Grenzen a Küsten zoustänneg. Besonnesch iwwer Westafrika koume mat manner wéi 17.000 Mënschen dëst Joer ronn 60 Prozent manner Leit an d’EU. Och iwwert de Balkan sinn iwwer 40 Prozent manner Persoune komm.
Ronn 62.000 Leit hunn d’Europäesch Unioun Richtung Groussbritannien verlooss. Dës Zuel ass stabel bliwwen.
Déi eenzeg Fluchtroute, op där dëst Joer méi Passagë registréiert goufen ewéi d’lescht Joer, ass déi iwwert dat westlecht Mëttelmier, also iwwer Spuenien. Déi meeschte Mënsche komme weiderhin iwwer Italien, si maachen an der Statistik ganzer 40 Prozent aus.
Frontex schreift am Communiqué, dass déi meeschte Leit aus dem Bangladesch, Ägypten an Afghanistan géinge kommen.