Iwwer 100Zuel vu Corona-Doudesaffer geet am Iran nees op e Coup an d'Luucht

RTL Lëtzebuerg
Am Iran ass d'Zuel vu Mënschen, déi duerch de Coronavirus gestuerwe sinn, erëm op ee Coup an d'Luucht gaang.

D’Land mellt iwwer 100 Doudesaffer bannent de leschte 24 Stonnen.

Et hätt een et hei mat engem onberechenbare Virus ze dinn, vun deem een zu all Ament kéint iwwerrascht ginn, sot eng Spriecherin aus dem Gesondheetsministère zu Teheran. Si huet en Appell un d’Leit gemeet, déi sanitär Reegelen ze respektéieren.

Den Iran war am Ufank vun der Pandemie eent vun de Länner, dat am meeschten ënnert dem Virus gelidden huet. Dono ass d’Zuel vun den neien Infektiounen zeréckgaang, elo geet dee Chiffer awer erëm an d’Luucht.

D’Autoritéite soen, dat hätt och domadder ze dinn, datt méi géif getest ginn.

Back to Top
CIM LOGO