Groussbrand zu HongkongZuel vun Doudege klëmmt op 55

AFP
Wéi vill Leit genee bis ewell gestuerwe sinn, ass nach onkloer, 55 Affer goufe bis ewell confirméiert. Ganz vill Mënsche ginn nach vermësst.
Groussbrand zu Hongkong: Zuel vun den Doudegen klëmmt no Groussbrand op 55
Wéi vill Leit genee bis ewell gestuerwe sinn, ass nach onkloer, 55 Affer goufe bis ewell confirméiert. Ganz vill Mënsche ginn nach vermësst.

Ganz vill Mënsche ginn nach vermësst. 7 vun den 8 Héichhaiser vum Komplex stoungen oder stinn momentan nach a Flamen.

51 Mënsche sinn nach op der Plaz ëm d’Liewe komm, wärend véier weider Persounen am Spidol gestuerwe sinn, hunn déi chineesesch Pompjeeën um Donneschdeg matgedeelt. A véier Héichhaiser sinn d’Bränn geläscht ginn an an dräi weidere Gebaier ënner Kontroll bruecht ginn. Eent vun den aacht Gebaier vum Wunn-Komplex ass verschount bliwwen.

Honnerte Leit ginn de chineesesche Rettungsekippen no en Donneschdeg ëmmer nach vermësst. E Mëttwoch war am nërdleche Staddeel “Tai Po” vun der chineesescher Verwaltungszon Hongkong de Brand ausgebrach, dee sech iwwer Steeën aus Bambus ausgebreet huet. Dobäi ass d’Feier extrem séier op e puer Héichhaiser iwwergaangen.

D’Autoritéiten hunn dann och eng Enquête op alle méi grousse Chantieren an der Metropol ordonéiert: “D’Regierung huet direkt Inspektiounen an alle Wunnsiidlunge vun der Stad ugeluecht, an deenen et méi grouss Reparaturaarbechten gëtt, fir d’Sécherheet vu Steeën a Baumaterialien z’iwwerpréiwen”, huet de Regierungschef vun der chineesescher Sonderverwaltungszon, John Lee, um Donneschdeg am Online-Déngscht Facebook erkläert.

Back to Top
CIM LOGO