Schëss a schwedescher SchoulZuel vun Doudesaffer klëmmt op 11

RTL Lëtzebuerg
An enger Schoul an der schweedescher Stad Örebro, eng 200 Kilometer westlech vu Stockholm, koum et en Dënschdeg de Mëtteg zu enger Schéisserei.
© Jonathan Nackstrand / AFP

Kuerz virun 12.30 Auer hat de presuméierten Täter um Risbergska-Campus an engem Bildungszenter fir Erwuessener ugefaangen, ze schéissen. Och Schoulgebaier fir Kanner sinn op deem Site. Op d’mannst 10 Persoune sinn dobäi ëm d’Liewe komm, dorënner och den Täter. Sou de Bilan en Dënschdeg den Owend vun der lokaler Police op enger Pressekonferenz.

Dës Zuel gouf antëscht op 11 corrigéiert, ouni dass Detailer vun der schwedescher Police genannt goufen. D’Zuel vu Blesséierte wier och nach onkloer an et géif och keng Informatiounen iwwert de gesondheetlechen Zoustand ginn. Dat huet d’Police nach méi spéit op hirem Internetsite geschriwwen.

D’Hannergrënn vun der Dot sinn nach onkloer. Antëscht geet een dovun aus, dass keen terroristescht Motiv virläit. Den Täter war der Police virdrun net bekannt. D’Ermëttler gi vun engem Eenzeltäter aus, weider Täter, déi mat der Dot kéinten a Verbindung stoen, kéint een awer nach net ausschléissen.

Schweden
Fënnef Leit bei Schoul ugeschoss, een a kriteschem Zoustand.

Véier Persoune goufe blesséiert a koumen an d’Spidol. Laang war vu fënnef verwonnte Persoune rieds. D’Autoritéiten hunn en Dënschdeg den Owend just nach confirméiert, datt ënnert de Blesséierte keng Kanner wieren.

Am Ufank hat d’Police gesot, dass de presuméierten Täter ënnert de Blesséierte wier. Spéider gouf du confirméiert, dass hien dout wier.

Back to Top
CIM LOGO