
Bal eng Woch nom schwéieren Äerdbiewen op de Philippinnen ass d'Zuel vun den Doudesaffer op op d'mannst 61 geklommen. 40 Persoune gi nach ëmmer vermësst an iwwer 1.400 goufen der blesséiert.
Dat weltwäit stäerkste Biewe vum Joer huet de leschte Méindeg Deeler vun der Insel Mindanao am Süde vun de Philippinnen getraff. Och Deeg drop ginn nach ëmmer Läiche gebuergen. Verschidden Dierfer sinn iwwerdeems nach ëmmer net ze areechen.