
Ëmmer rëm kommen Net-EU-Bierger eriwwer an en EU-Land, ouni dofir déi néideg Pabeieren ze hunn. Am Ganze si vu Januar bis Juli 2024 113.400 Persounen illegal an d’EU komm. D’Zuel vun dësen irreguläre Grenziwwertrëtt, wéi dëst genannt gëtt, wieren an den éischte 7 Méint vum Joer 2024 awer däitlech erofgaangen, an zwar ëm ganzer 36 Prozent, mellt Frontex. E besonnesch staarke Réckgang gouf bei Awanderer aus dem westleche Balkan an dem zentrale Mëttelmier verzeechent. Hei koum et zu engem Réckgang vu 75 respektiv 64 Prozent.

Op der anerer Säit ass d’Zuel vun irreguläre Grenziwwergäng ëstlech vun der EU, also Ukrain, Syrien a Somalia, ëm bal 200 Prozent an d’Luucht gaangen. Och aus westafrikanesche Länner goufe méi illegal Awanderungen an d’EU verzeechent. Hei gouf et e Wuesstem vun 154 Prozent.
Den allgemenge Réckgang wier op Preventiounsaarbecht vun den libeschen an tuneseschen Autoritéiten zeréckzeféieren, déi d’Aktivitéite vu Passeuren, also Schleuser, ënnerbannen.
Frontex ass mat 2.900 Mataarbechter bei verschiddenen Operatiounen uechtert déi ganz EU am Asaz. D’Agence setzt sech fir d’Protektioun vun den EU-Aussegrenzen an.