FrankräichZuel vun Infektioune geet nees ferm an d'Luucht

RTL Lëtzebuerg
Der Direktioun vun der Santé zu Paräis no, gouf et am Laf vum Sonndeg méi wéi 3'000 nei confirméiert Fäll.

2,8% vun allen duerchgefouerten Tester wiere positiv ausgefall.

Iwwer ganz Frankräich verdeelt hätt een e Sonndeg kënne 17 nei Clusteren detektéieren.

D’Zuel vu Patienten op Intensiv-Statiounen a Spideeler wier awer plus ou moins stabel bliwwen, bei landeswäit 263 Leit, déi covid-bedingt momentan behandelt ginn.

Zanter dem Ufank vun der Pandemie sinn a Frankräich, den offizielle Chifferen no, méi wéi 30.400 Doudesfäll bedéngt gewiescht, duerch d’Suitte vun enger Covid-Infektioun.

Back to Top
CIM LOGO