Op Autobunn am SaarlandZwee Doudeger bei Autosaccident, dorënner een 13 Joer aalt Meedchen

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Op der A8 bei Merchweiler ass et e Sonndeg den Owend zu engem déidlechen Autosaccident komm.
Bei einem Unfall auf einer Autobahn im Saarland sind zwei Menschen ums Leben gekommen. Die Opfer sind ein 47-jähriger Mann und ein 13-jähriges Mädchen, wie ein Sprecher der Polizei Sulzbach sagte.
© AFP/Archiv

Ënnert den Doudesaffer sinn e 47 Joer ale Mann an en 13 Joer aalt Meedchen. Dat huet e Spriecher vun der Police Sulzbach e Méindeg confirméiert. Nieft den zwee Doudege wier ee 16 Joer ale Jong schwéier blesséiert.

Éischten Ermëttlungen no wier de 47 Joer ale Chauffer mat sengem Auto op der A8 bei Merchweiler, net wäit vu Saarbrécken, warscheinlech wéinst Aquaplaning vun der Fuerbunn ofkomm a widder ee Potto gerannt.

Back to Top
CIM LOGO