
Dat huet en US-Beamten wéi och déi brittesch Ambassade am Jemen confirméiert. Domadder goufen déi éischt Doudesaffer gemellt, zanter d’Huthi-Rebellen Handelsschëffer am Roude Mier attackéieren. US-Informatiounen no solle weider sechs Mënsche blesséiert sinn. Aktuell wier nach net gewosst, wéi grouss de Schued um Schëff “True Confidence” wier.
Den Equipage wier vu Bord geflücht an hätt op Rettungsbooter zeréckgegraff. Een US-Krichsschëff an déi indesch Marinn solle bei de Rettungsmesuren hëllefen.
D’Huthi-Rebelle selwer hunn den Ugrëff confirméiert. Dësen hätt zu engem Brand u Bord gefouert.
Dem griichesche Schëffsbedreiwer no wieren 20 Séileit an dräi arméiert Sécherheetsleit u Bord gewiescht. De brennende Frachter dreift um Mier.
US-Ausseministère: Huthi géingen zu Rechenschaft gezu ginn
D’US-Regierung huet d’Dot op d’Schëff verurteelt. “Haut hunn d’Huthi onschëlleg Zivilisten ëmbruecht”, sou e Regierungsvertrieder. De Spriecher vum US-Ausseministère, Matthew Miller, sot viru Journalisten, Washington wäert d’Huthi “weiderhin zur Rechenschaft zéien.” “Mir fuerdere Regierungen op der ganzer Welt op, dat nämmlecht ze maachen”, sou nach de Miller.