BréisselZwee Doudeger bei Schéisserei

RTL Lëtzebuerg
Géint 1 Auer en Donneschdegmoien ass et virun engem Café bei der Gare du Midi zu Bréissel zu engem Tëschefall mat enger Schosswaff komm.
© ERIC LALMAND / BELGA MAG / Belga via AFP

Éischten Erkenntnisser vun der Police no hunn Onbekannter mat engem Maschinnegewier op e Grupp vu Leit geschoss, déi sech deen Ament virum Café respektiv op dësem senger Terrass opgehalen hunn. Duerno wieren d’Täter geflücht.

Zwou Persounen, eng 46 Joer al Fra an e 44 Joer ale Mann, si bei der Attack ëm d’Liewe komm. Weider heescht et vun der Bréisseler Police a vum Bréisseler Parquet, dass zwou weider Persoune schwéier blesséiert gi wieren. Bei hinne soll et sech ëm zwee Männer am Alter vun 42 an 49 Joer handelen. Si géife sech a Liewensgefor befannen a wieren an d’Spidol transportéiert ginn. Eng drëtt Persoun wier och blesséiert, géif awer net a Liewensgefor schwiewen.

Zu den Hannergrënn vun der Dot ass den Ament nach näischt gewosst. Et gouf eng eng Enquête wéinst Mord a versichtem Mord opgemaach. D’Géigend ëm d’Gare du Midi gëllt als ee vun den Hotspotte vum Drogenhandel an der Belscher Haaptstad. Den Ament hätt een awer nach keen Zesummenhang tëscht dësem Fait an der Dot identifizéiert, heescht et vun der Police.

Back to Top
CIM LOGO