
Bei engem schroen Accident zu Offenbach am däitschen Hessen, sinn zwou Persounen ëm d’Liewe komm, dorënner e Meedche vun 9 Joer. E Sonndeg am Nomëtteg war et zu enger Frontalkollisioun komm, bei där an enger éischter Phas eng Fra vu 66 Joer gestuerwen ass. Dräi weider Persoune goufe schwéier verwonnt, dorënner och dat Meedche vun 9 Joer. Dëst ass du méi spéit am Spidol gestuerwen.
Éischten Informatiounen no huet ee vun den implizéierten Chaufferen, e Mann vun 31 Joer, en Auto evitéiert, dee vun engem Grondstéck op d’Strooss gefuer ass. Dobäi ass en op déi aner Stroossesäit geroden an doduerch koum et zu der Kollisioun. De Mann vun 31 Joer war eleng am Auto ënnerwee. Am aneren Auto war d’Fra vu 66 Joer, d’Meedche vun 9 Joer an eng Fra vun 88 Joer. D’Fra vu 66 Joer gouf nach op der Plaz reaniméiert, ass awer kuerz drop am Spidol gestuerwen.
De presuméierte Chauffer, dee vum Grondstéck op d’Strooss gefuer ass, konnt vun der Police ermëttelt ginn.
Et soll elo gekläert ginn, wat genee geschitt ass. An deem Zesummenhang sicht d’Police och no Aenzeien.