
Den Ismael Zambada Garcia an de Joaquin Guzman-Lopez gëllen als zwee vun den aktuelle Käpp vun engem vun de gréissten Drogekarteller a Mexiko. De Guzman-Lopez ass ee vun de Bouwe vum El Chapo, dem fréiere Chef vum Kartell, dee schonn an den USA liewenslänglech am Prisong sëtzt, wärend den Zambada Garcia d’Kartell mam El Chapo matgegrënnt huet.
Liewenslaange Prisong riskéieren déi zwee Männer, déi festgeholl goufen, elo och. Si kréie virun allem d’Produktioun an de Schmuggel vu Fentanyl virgehäit.
Fentanyl ass e syntheeteschen Opioid an e staarkt Mëttel géint Péng, wat virun allem bei Kriibspatienten agesat gëtt, ma och illegal gëtt et an den USA vill verdriwwen. Iwwer 107.000 déidlech Iwwerdosisse goufen d’lescht Joer an den USA registréiert, wouvu ronn 70 Prozent op de Compte vum Fentanyl ginn.
Fentanyl gëtt haaptsächlech mat Chemikalien, déi aus China kommen, a Mexiko hiergestallt an dann illegal an d’USA geschmuggelt. Et wierkt 50 Mol sou staark wierkt wéi Heroin.
D’Sinaloa-Kartell gëllt als eng vun de aflossräichsten a brutaalst kriminellen Organisatiounen op der Welt, esou den US-Justizminister Merrick Garland.