
Den 23. Februar war de Jonken Arhmaud Arbery joggen, wéi hien dat esou dacks gemaach huet, fir sech fit ze halen. Wéi hie laanscht en Auto leeft, geréit hie mat engem arméierte Mann uneneen. En zweeten arméierte Mann klëmmt hanne vun der Oflag vum Pickup an et gesäit dono aus, als géif hien eng Waff op den Arbery riichten. Schëss sinn ze héieren. De jonke schwaarzen Jogger geet zu Buedem a stierft u senge Blessuren. Dat alles ass op engem verstéierende Video vun ronn 36 Sekonnen ze gesinn, deen Ufank Mee bei enger Radiostatioun an den USA publizéiert a kuerz dono nees geläscht gouf.
De Video huet d’Leit an den USA entsat an dozou gefouert, datt d’Ermëttlungen nees opgeholl goufen. Déi béid Verdächteg, de Gregory an Travis M., Papp a Jong, goufe vum Glynn County Police Department verhaft. Hinne gëtt schwéier Kierperverletzung respektiv Mord virgeworf.
De Papp huet ausgesot, datt den Arhmaud Arbery engem Abriecher geglach huet, deen op verschiddenen Iwwerwaachungskamerae vu sengen Noper opgeholl goufen. Wéi hien den Jogger gesinn hat, huet hie sengem Bouf Bescheed gesot a béid si mat hirem Pick-up-Truck dem Mann nogefuer, fir hien zu Riets ze stellen. Si haten him och gesot, datt si mat him schwätze wéilten, éiert si mat hirem Truck stoe bliwwe sinn an d’Dot hire Laf geholl huet.
Och bei Politiker a Prominenten an den USA huet de Fall fir vill Opreegung gesuergt. Grad, well béid Männer net direkt no der Dot verhaft goufen, mä dat d’Police eréischt op de Video, deen ëffentlech gemaach gouf, reagéiert huet.
Esou huet den Joe Biden, Kandidat vun den Demokraten fir de Poste vum US-President geschriwwen, datt de Video kloer géif weisen, datt de Arhmaud Arbery kalbliddeg erschoss gouf. Den Donald Trump huet op Nofro gesot, datt hien de Video net gesinn hätt, mä datt et eng ganz traureg Saach wier. De Gouverneur vun Georgia Brian Kemp huet dogéint gefuerdert, datt dëst misst komplett opgekläert ginn, well d’Bierger am Bundesstaat géifen eng Äntwert verdéngen.