"Nei Dreem an Hoffnungen"Zwee nordkoreanesch Krichsgefaangener an der Ukrain wëllen a Südkorea neit Liewen opbauen

AFP, iwwersat vun RTL
Zwee nordkoreanesch Krichsgefaangener, déi an der Ukrain inhaftéiert sinn, wëlle sech a Südkorea en neit Liewen opbauen. Duerch d'Ënnerstëtzung vum südkoreanesche Vollek hätte sech "nei Dreem an Hoffnungen" ausgebreet, schreiwe si an engem Bréif.
Zwei in der Ukraine inhaftierte nordkoreanische Kriegsgefangene wollen sich in Südkorea ein neues Leben aufbauen. Dank der Unterstützung des südkoreanischen Volkes hätten sich "neue Träume und Hoffnungen" ausgebreitet, schrieben sie in einem Brief.
© AFP

Zwee Nordkoreaner, déi am Krich an der Ukrain festgeholl goufen, wëlle sech a Südkorea en neit Liewen opbauen. Duerch d’Ënnerstëtzung vum südkoreanesche Vollek hätte sech “nei Dreem an Hoffnungen” ausgebreet, heescht et an engem Bréif vun den zwee Zaldoten, deen e Mëttwoch der Noriichtenagence AFP virlouch. Scho virdru gouf et Rumeuren, datt déi zwee Männer a Südkorea iwwerlafe wéilten. De Bréif ass awer dat éischt Dokument, an deem si dee Wonsch an eegene Wierder ausdrécken.

De Bréif ass vun Enn Oktober an un eng Mënscherechtsorganisatioun mat Sëtz zu Seoul adresséiert. D’Nordkoreaner soen hire Supporter Merci dofir, “datt si eis Mutt gemaach an dës Situatioun net als Tragedie, mä als Ufank vun engem neie Liewe gesinn hunn”.

“Mir si fest dovun iwwerzeegt, datt mir ni eleng sinn, a mir gesinn d’Leit a Südkorea als eis eegen Elteren a Geschwëster un an hunn decidéiert, eis an hir Äerm ze beginn”, heescht et weider. De Bréif ass vu béiden Zaldoten ënnerschriwwen.

Der südkoreanescher Verfassung no sinn all Nordkoreaner gläichzäiteg och südkoreanesch Bierger. D’Regierung zu Seoul huet erkläert, datt dëst och fir Zaldote gëllt, déi an der Ukrain gefaange goufen.

De Bréif gouf wärend engem Interview fir en Documentaire iwwerreecht, un deem d’NGO “Gyeore-eol Nation United” bedeelegt war, déi sech fir nordkoreanesch Deserteuren asetzt. Den Interview war Enn Oktober zu Kiew, wou déi zwee Krichsgefaangener festgehale ginn. “Mir hunn hinne Videomessagen a Bréiwer vun nordkoreaneschen Deserteure gewisen, fir hinnen Hoffnung ze maachen”, sot den NGO-Chef Jang Se Yul Ufank November der AFP.

Nordkorea ass ee vun de wichtegste Supporter vu Moskau beim russesche Krich géint d’Ukrain. De südkoreaneschen a westleche Geheimdéngschter no hat Pjöngjang d’lescht Joer iwwer 10.000 Zaldoten a Russland geschéckt, déi virun allem an der Grenzregioun Kursk agesat goufen. Am Abrëll hat Nordkorea eng éischt Kéier confirméiert, Zaldoten a Russland geschéckt ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO