“Ech ka confirméieren, datt haut am Nomëtteg zwou Persoune gestuerwe sinn a sech aacht weiderer an engem kriteschen, awer stabillen Zoustand sinn”, sot de Brett Smiley ,de Buergermeeschter vun der Stad Providence, op enger Pressekonferenz. Méi spéit huet hie bekannt ginn, datt am ganzen néng Leit blesséiert gi wieren. All d’Doudesaffer a Blesséierter wiere Studenten.
D’Schëss sinn der Brown University no an engem Gebai gefall, an deem d’Fakultéite fir Ingenieur a Physik sinn. Zum Zäitpunkt vun der Attack wiere grad Prüfungen amgaange gewiescht.
No der Attack huet d’Police no engem Verdächtege gesicht, dee si al e Mann, dee ganz a Schwaarz ugedoen ass, beschreiwen. “Mir setzen all verfügbar Ressourcen an, fir dëse Verdächtegen ze fannen”, sot de Vize-Chef vun der Police vu Providence, den Timothy O’Hara.
De presuméierten Täter war der Police no fir d’lescht gesi ginn, wéi hien d’Gebai verlooss huet. D’Police huet e Video verëffentlech, op deem eng Persoun an däischterer Kleedung beim Verloosse vum Gebai ze gesinn ass. Aenzeien no hat den Ugräifer och eng Mask un. Eng Waff gouf bis ewell net fonnt.
No enger stonnelaanger Sich hunn de Buergermeeschter Smiley an d’Police du matgedeelt, datt ee presuméierte Verdächtegen am Zesummenhang mat der Dot festgeholl gi wier. Dem Policechef Oscar Perez no war de Mann um fréie Sonndegmoie festgeholl ginn. D’Ermëttler géingen aktuell net méi no weidere Verdächtege sichen.
D’Brown University zu Providence gehéiert zu der sougenannter Ivy League vun den Elite-Universitéiten an den USA. Si huet hir ronn 11.000 Studenten e Samschdeg géint 16.22 Auer virun engem Arméierte gewarnt: “Späert är Dieren zou, maacht d’Telefonen op lautlos an haalt iech bis op Weideres verstoppt.” De Vize-Policechef O’Hara huet un d’Leit um Campus appelléiert, d’Ausgangsspär “immens eescht” ze huelen. Wien net um Campus wier, sollt och wgl. net dohi kommen. Um Campus waren iwwer 400 Polizisten a Secouristen am Asaz, dorënner och Beamte vum FBI. Dem lokale Sender WPRI no wieren op engem Wee Kleeder a Bluttspuere fonnt ginn.
Den US-President Trump huet d’Attack eng “schrecklech Saach” genannt. “Alles, wat mir am Moment maache kënnen, ass fir d’Affer ze bieden.”