
Wéi e Spriecher vum Donald Trump matdeelt, wier den US-President iwwer déi - Zitat - “tragesch Situatioun” informéiert ginn.
D’Ministesch fir déi bannenzegst Sécherheet Kristi Noem hat op der Plattform “X” dozou opgeruff, fir déi zwee Membere vun der Nationalgard ze bieden, hat allerdéngs näischt zum gesondheetlechen Zoustand vun deenen zwee gesot.
Géint 22 Auer europäescher Zäit koum dann d’Nouvelle, dass béid Zaldoten an engem kriteschen Zoustand an e Spidol transportéiert goufen. Allerdéngs ginn et widderspréchlech Informatiounen zu hirer Gesondheet. De Gouverneur vum Bundesstaat West Virginia, aus deem béid Affer stamen, huet op “X” hiren Doud confirméiert.
Wéi ABC News schreift, wier nom Tëschefall eng verdächteg Persoun festgeholl ginn. De presuméierten Täter wier e Mann, deen 2021 aus Afghanistan an d’Land komm wier.
Den US-President Donald Trump schwätzt vun engem “Akt vun Terror”, a mécht de politesche Géigner responsabel. Hien huet 500 weider Zaldote vun der Nationalgard op Washington geschéckt. Den FBI géif d’Attack als méiglechen Terrorakt ënnersichen.
D’Nationalgarde si militäresch Reserve-Unitéiten. Normalerweis sti se ënnert der Kontroll vun de Bundesstaaten a komme bei Naturkatastrophen, Onrouen oder aneren Urgencen an den Asaz. A bestëmmte Situatioune kann awer och de President de Kommando ginn. Fir Washington ginn et och extra Reegelen.