Trump dreet mat RevancheZwee US-Zaldoten an een Iwwersetzer a Syrien bei presuméierter IS-Attack ëmkomm

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
A Syrien goufen e Sonndeg zwee US-Zaldoten an een Iwwersetzer bei enger Attack vun engem presuméierte Member vun der Dschihadistemiliz Islamesche Staat ëmbruecht.
In Syrien sind zwei US-Soldaten und ein Übersetzer bei einem Angriff eines mutmaßlichen Mitglieds der Dschihadistenmiliz Islamischer Staat (IS) getötet worden. Drei weitere US-Soldaten wurden bei dem Angriff auf eine gemeinsame Patrouille verletzt.
© AFP/Archiv

Nieft den zwee US-Zaldoten an engem Iwwersetzer, déi bei enger presuméierter Attack vum IS ëmbruecht goufen, goufen dräi weider amerikanesch Zaldote beim Ugrëff op eng gemeinsam Patrull vu syreschen an US-Zaldote blesséiert. Dat deelt den US-Regionalkommando Centcom mat. “Mir traueren ëm de Verloscht vun dräi groussen amerikanesche Patrioten a Syrien”, huet den US-President Donald Trump erkläert a mat Revanche gedreet.

De Pentagon-Spriecher Sean Parnell sot, d’Attack wier wärend engem Asaz fir d’Ënnerstëtzung vun Anti-Terror-Mesuren zu Palmyra geschitt. Déi syresch Stad läit an der Géigend vun anticken Ausgruewunge mat griichesch-réimesche Ruinen, déi zum Unesco-Weltkulturierwe gehéieren, a war viru ronn zéng Joer zäitweis vum IS besat.

Déi déidlech Attack wier en “Hannerhalt vun engem eenzelen IS-Schütze” gewiescht, heescht et vu Centcom op X.

Op senger Plattform Truth Social huet den Donald Trump geschriwwen, datt et eng “IS-Attack géint d’USA a Syrien an engem immens geféierleche Gebitt vu Syrien” ginn hätt, dat net vun der syrescher Iwwergangsregierung kontrolléiert géing ginn. Dräi weidere blesséierten US-Zaldote “géing et gutt” goen.

Back to Top
CIM LOGO