Fonds du Logement: Neit Liewe fir al Haiser 11 Douaneshaiser gi renovéiert

Christophe Hochard
Laang Jore stoungen déi 11 Haiser an der Munnereferstrooss zu Beetebuerg eidel – bis 2030 gi se mat neiem Liewen aus dem Dornräischeschlof erwächt.
11 Douaneshaiser gi renovéiert
Laang Jore stoungen déi 11 Haiser an der Munnereferstrooss zu Beetebuerg eidel – bis 2030 gi se mat neiem Liewen aus dem Dornräischeschlof erwächt.

Tëscht 1923 an 1930 goufen 11 Douaneshaiser zu Beetebuerg gebaut. Dës laang Jore sinn net ouni Spuer z’hannerloossen un den Haiser ewechgezunn. Zanter Januar 2023 sinn des fréier Douanierswunnengen am Besetz vum Fonds du Logement.

Am Summer gouf en Architekteconcours lancéiert an d’Pläng, wéi dës Haiser spéider mol sollen ausgesinn, léien elo um Dësch.

All eenzelt Haus hat säin eegene Schapp hannert dem Haus. Dee gëtt elo un d’Wunneng integréiert. 2030 soll de Projet vum Fonds du Logement fäerdeg sinn.

D’Haiser kommen duerno an d’Locatioun.

Back to Top
CIM LOGO