Wéinst technesche Problemer am Reseau vum Operateur Orange kann et zu Schwieregkeete kommen, fir den Police-Noutruff 113 ze erreechen. Dat deelt d’Police mat. Am Noutfall sollen déi betraffe Leit op den 112 uruffen.