Alkoholkontrollen an der Stad an um Houwald127 Automobiliste goufe kontrolléiert, ee Fürerschäi gouf agezunn

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet huet d'Police an der Nuecht op e Sonndeg Alkoholkontrolle gemaach.
© Nicolas Guyonnet / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP

D’Kontrolle waren op verschiddene Stroossen an der Stad (Boulevard G.D. Charlotte, Boulevard de Kockelscheuer an der Route d’Arlon) an um Houwald.

127 Leit goufen am Ganze kontrolléiert. Bei sechs Fuerer war den Test positiv. Hei gouf et dräi Mol ee Procès-verbaux an dräi Mol en Avertissement taxé. Ee Chauffer hat esou vill gedronk, datt de Permis nach op der Plaz fort war.

Back to Top
CIM LOGO