
Wéi d’Tréierer Police matdeelt, hätt sech bei der Kontroll vum Jong erginn, datt hien aus Lëtzebuerg agereest wier a scho Mëtt Oktober dëst Joer aus der Unisec zu Dräibuer fortgelaf war. No Récksprooch gouf de Jugendlechen e Freideg am Nomëtteg op der Grenz bei Bëllegerbréck (Wasserbilligerbrück) un d’Lëtzebuerger Police ausgehännegt.