Reese vu Ministeren a Beamten2,88 Milliounen Euro huet de Staat am leschte Joer fir Fligerticketen ausginn

Céline Eischen
Déi Zuele liwwert de Premierminister Luc Frieden an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun de Pirate Marc Goergen.
© RTL Archiv

Ronn 2,88 Milliounen Euro huet de Staat am leschte Joer fir Fliigerticketen ausginn, dat fir d’Reese vun de Ministeren an hire Beamten. Et dierft wuel net iwwerraschen, datt den Ausseministère mat ronn 1,28 Milliounen Euro deen deierste Ministère an dem Punkt ass. Den Ausseministère ass dann och deen eenzege Ministère, fir deen och alt First-Class-Tickete gebucht ginn, zejoert fir 37.000 Euro, esou steet et an der Äntwert vum Premier Luc Frieden op eng parlamentaresch Fro vum Marc Goergen.

Am leschte Joer goufe fir den Ausseministère ronn 560 Fluchtickete gebucht, dovunner 280 an der Economy Class a 275 an der Business Class. Op déi zweet Plaz kënnt de Finanzministère mat ronn 350.000 Euro an de Wirtschaftsministère mat 300.000 Euro.

Och Charterflich aus de leschte Jore sinn opgelëscht. Do stécht besonnesch eng Rees vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn aus dem Joer 2019 eraus. 100.000 Euro hat tëscht dem 3. a 7. Mäerz vum genannte Joer e Vol an Afghanistan, Uzbekistan a Pakistan kascht. 47.000 Euro hat et kascht, fir den 10. August 2019 déi deemolegen Inneministesch Taina Bofferding op Fuerteventura sichen ze fléien. Si koum d’Urgence zeréck op Lëtzebuerg wéinst dem Tornado am Südweste vum Land.

Back to Top
CIM LOGO