
Géint 15.50 Auer war et tëscht Ierpeldeng an Draufelt zu enger Kollisioun komm tëscht zwee Autoen. Dobäi sinn zwou Persoune blesséiert ginn. D’Pompjeeë vu Klierf an d’Ambulanze vu Klierf a Wolz waren op der Plaz.
Nëmme Minutte méi spéit ass an der Rue du Centenaire zu Diddeleng e Foussgänger ugestouss ginn. Déi lokal Pompjeeën an Ambulanz hu sech ëm déi blesséiert Persoun gekëmmert.
Um 10.50 Auer gouf zu Heischent am Eck e Bam a Brand gemellt. D’Pompjeeë vum CIS Alebësch hunn d’Flame geläscht.