Dat hunn d’Vertrieder vum CGDIS en Dënschdeg op hirer Bärbelefeier am Stater Cercle ënnerstrach. Dat zwee Deeg virum Bärbelendag, deen traditionell de 4. Dezember ass, fir der Schutzpatréinerin vun de Pompjeeën, der helleger Bärbel ze gedenken. Eng vun de Prioritéite vum CGDIS fir déi nächst Jore läit deemno beim Rekrutement a bei der Moderniséierung vum Statut vun de fräiwëllege Pompjeeën.
De CGDIS huet ronn 72.000 Asätz d’Joer. Also bal 200 Asätz den Dag. Fir déi ze assuréieren, awer och beschtméiglech op zukünfteg Krisen a Katastrophe virbereet ze sinn, missten nieft de Beruffspompjeeën, och genuch Fräiwëlleger rekrutéiert ginn, huet de President vum Verwaltungsrot vum GCDIS Alain Becker ënnerstrach.
“A mir mussen hinne ginn, wat si brauchen. Encadrement an eng gutt Ausbildung, Vertrauen a Gefill hunn e Bäitrag ze leeschten, sech unerkannt fillen an och Diskussioun iwwert eng Upassung vum symboleschen Euro oder Indemnisatioun, déi scho laang net méi symbolesch ass, mee fir vill e richtege Motivator.”
Ee weideren Defi ass deen, datt d’Rettungsequippe solle bannent 15 Minutten op der Onglécksplaz sinn, esou wéi den nationale Plang fir d’Organisatioun vum Rettungswiesen, kuerz PNOS, et virgesäit. Dem Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder no, wieren an de leschte Jore scho vill Mesurë beim 112 an um Terrain geholl ginn, mee et misste weider Ustrengungen ënnerholl gi fir dat Zil ze erreechen.
“Mir stellen haut fest, datt do wou eis Asazween, an notamment eis Ambulanze besat sinn, mir d’Delaien anhalen, mee natierlech wann e Gefier net besat ass, mir eng Ekipp vu méi wäit ewech op d’Plaz schécke mussen, mir deen Delai oft net anhale kënnen. Laut nationalem POJ, dem potentiel opérationnel journalier, misste mir am Dag am Fong 40 Ambulanze besat hunn. Haut komme mir am Schnëtt normalerweis op ongeféier 34 Ambulanzen, déi asazbereet sinn.”
An anere Wierder ginn aktuell just 85 Prozent vun den Ambulanze besat, déi eigentlech géinge gebraucht ginn, fir iwwerall kënne mat Zäit op der Plaz ze sinn.
“An dann hunn ech nach net dovu geschwat, datt mir et haut zum Beispill net fäerdegbréngen zu Esch, an der zweetgréisster Stad vum Land, ronderëm d’Auer e komplette Läschzuch mat engem Tankwon an enger Dréileeder besetzen ze kënnen. D’Konsequenz heivun ass ënner anerem, datt d’Belaaschtung fir déi Ekippen, déi disponibel sinn, ëmmer méi grouss gëtt.”
Mat der Reform vum Rettungswiesen an der Grënnung vum CGDIS viru gutt siwe Joer, sinn och d’Käschte vum CGDIS konsequent an d’Luucht gaangen, huet de CGDIS-Generaldirekter nach präziséiert. Fir déi zukünfteg Erausfuerderungen unzegoen, bräicht een deemno och weider finanziell Mëttelen. De Ressortminister Léon Gloden huet an dem Kontext verséchert:
“Duerfir ass d’Regierung och weider bereet ze investéieren a Personal, zweckméisseg Infrastrukturen, modernt Equipement, esou wéi an eng professionell a permanent Weiderbildung.”
Den CSV-Inneminister hofft iwwerdeems, den neie nationale Plang fir d’Organisatioun vum Rettungswiesen kënnen Enn d’nächst Joer virzestellen. Dee soll dann als Orientéierung fir de CGDIS fir déi nächst fënnef Joer déngen.