
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
Aktuell sinn 21 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien zwee Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.292.071 Impfdosisse genotzt.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,13. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 3,01 Prozent. Vun 365 PCR-Tester waren der e Sonndeg 11 positiv. E Samschdeg goufen 97 Persoune positiv getest, e Freideg waren et der 163.