3 Accidenter um Sonndeg3 Blesséierter bei Accident tëscht Dummeldeng an dem Waldhaff

Tom Nols
Den Samu hat mussen op d'Plaz. Donieft hat et och am Éilerenger Tunnel an tëscht Schweech an Habscht gerabbelt.
Asaz fir de Samu um Sonndegmoien.
© Laurent Weber

Um 5:50 Auer ass et op der A13 a Richtung Schengen zu engem Accident komm am Tunnel Éilereng. D'Ambulanz vu Péiteng an d'Pompjeeë vum SaDiff waren dohin.

Eng Stonn méi spéit war tëscht Schweech an Habscht en Automobilist an e Bam gerannt. D'Ambulanz vu Stengefort an d'Pompjeeë vu Biekerech waren am Asaz.

Kuerz no 8:30 Auer ass et tëscht Dummeldeng an dem Waldhaff zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer komm, bei där dräi Persoune blesséiert gi sinn. De Stater Samu war op der Plaz, genee wéi d'Ambulanzen aus der Stad a vu Jonglënster an d'Pompjeeën aus der Stad.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO