
Éischten Informatiounen no sollt de presuméierten Täter eng Partie Parfumsfläsche geklaut hunn. Wéi sech awer méi spéit erausgestallt huet, hat gläichzäiteg e Kompliz och laang Fangeren am Buttek gemaach.
Wéi dëse vun der Police gestoppt gouf, koum eng drëtt Persoun op déi zwee Täter duer a wollt d’Tut mat de geklaute Saachen huelen, wat d’Police awer verhënnere konnt. Dee Moment hu sech déi zwee festgeholl Männer géint d’Beamte gewiert, woubäi si an d’Poliziste liicht blesséiert goufen. Iwwerdeem huet ee vun de Männer d’Ausernanersetzung genotzt fir engem vun de Sécherheetsbeamten d’Auer ze klauen.
Wéi d’Polizisten d’Situatioun rëm am Grëff haten, goufen déi dräi Männer mat op de Büro geholl. Bei der Kierperkontroll goufe weider geklaute Géigestänn fonnt.
De Parquet huet d’Festhuele vun de Männer ordonéiert. Si koumen e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.