
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg goufen der Police am ganze Land iwwer 100 Fäll vu Streidereien, Ausernanersetzungen, Nuetsrou-Stéierungen an ëffentlechem Ierger gemellt.
An der Stad koum et géint 0:50 Auer an der Rue de la Poste zu engem gréisseren Asaz. Hei waren e puer Persounen uneneegeroden. Beim Antreffe vun der Police war nach eng blesséiert Persoun op der Plaz. Dës huet sech ëmmer méi aggressiv verhalen a probéiert, géint d'Beamten handgräiflech ze ginn. De Mann gouf doropshin immobiliséiert. Wärend dem Asaz hat sech e gréisse Grupp u Leit versammelt, dee vun de Beamten huet missen op Distanz gehale ginn. Zwou Persounen hu Knupperten a Richtung vun de Poliziste geheit, déi net wäit vun de Beamten ewech explodéiert sinn. Blesséiert gouf dobäi keen. Déi zwee Verdächteg konnte méi spéit op der Place d'Armes gestoppt ginn, nodeems si probéiert haten, mam Vëlo ze flüchten. Géint si gouf e Protokoll wéinst Rebellioun geschriwwen.
Am Garer Quartier an der Stad gouf der Police e Samschdeg géint 21:45 Auer eng Ausernanersetzung tëscht e puer Persoune gemellt. Op der Plaz konnten d'Beamten dräi verdächteg Männer stellen a kontrolléieren. Bei engem vun hinne gouf eng Schreckschosspistoul fonnt a saiséiert. Well de Mann ënner Alkoholafloss stoung a sech konfrontativ géintiwwer de Beamte verhalen huet, koum hien an den Arrest. Géint déi dräi Männer gouf e Protokoll geschriwwen.
Och soss goufen der Police uechter d'Land Persoune gemellt, déi Knupperten oder Freedefeier gezünt, Eeër op Gebaier, Passanten oder Autoe geheit hunn oder un d'Diere vu Leit schelle gaange sinn. Zu Schëffleng goufe bei Kontrollen ënner anerem Jugendlecher ugetraff a Knupperte séchergestallt. Zu Bieles hunn Onbekannter Kürbisse géint en Haus geheit an dobäi eng Fënster beschiedegt. D'Täter konnte bis ewell net fonnt ginn.