Temoignage"Stierwen ass einfach, nees zeréck an d'Liewe kommen, ass vill méi schwéier"

Raphaël Ferber
Nodeems hie leschte Mee Affer vun engem Aneurysma gouf, louch den Direkter vu Gault&Millau Luxembourg, de Laurent Fery, 26 Deeg am Koma. Haut ass hie fir seng Rehabilitatioun am Rehazenter a léiert mat de Suitten, der Middegkeet an engem Kierper, deen nees muss opgebaut ginn, ze liewen. Um leschte Gala vum Restaurantsguide war hien nees dobäi, wann och net op der Bün. En Owend, deen, wéi hien zougëtt, am schlëmmste Fall och hätt kéinten am Gedenke vun him sinn.
De Laurent Fery bei enger fréierer Editioun vum Gala Gault&Millau zu Lëtzebuerg.
De Laurent Fery bei enger fréierer Editioun vum Gala Gault&Millau zu Lëtzebuerg.
© Lena Le Roy

An der Cafeteria vum Rehazenter erzielt de Laurent Fery op dësem spéiden Nomëtteg vu sengem zweete Liewen. Bei engem Kaffee an engem Eisekuch bléckt den Direkter vu Gault&Millau zu Lëtzebuerg op déi lescht Méint zeréck, déi säi Liewen op d'Kopp gehäit hunn. E Méindeg de 26. Oktober stoung hien net op der Bün, fir d'Gala vum bekannte Guide ze moderéieren. Eng Première fir een, deen an sech laang am Mëttelpunkt vun dësem Event stoung.

A senger Plaz hat de Marc Declerck, de CEO von Gault&Millau Benelux, deen Owend d'Leedung iwwerholl. Ma den Owend hätt awer och kéinte ganz anescht ausgesinn. No sengem Aneurysma hätt de Laurent Fery seng Funktioun eventuell ni méi nees kéinten untrieden oder beim Gala vun e Méindeg dobäi sinn. "Stierwen ass einfach, awer nees zeréck an d'Liewen zeréckkommen, ass vill méi schwéier", sou de Laurent Fery.

"Bannent enger Véierels Sekonn war ech dout"

Am Mee 2026 ass alles aus dem Rudder geroden. De Laurent Fery gëtt Affer vun engem Aneurysma, dat a senger eegener Wunneng. Seng Fra rifft Hëllef an d'Rettungsekippe si séier op der Plaz. Dem Bericht no ass d'Ambulanz véier Minutten nodeems den Appell beim 112 eragaangen ass bei der Wunneng. En Dokter erkennt direkt, dass d'Situatioun eescht ass. De Laurent Fery gëtt op der Plaz nach behandelt, iert en dunn an den CHL an d'Stad transportéiert gëtt.

Et ass ongeféier 22:45 Auer, wéi hien Dënschdes owes am Spidol ukënnt. D'Situatioun ass eescht. Eng éischt Optioun war et, hien de Mueren drop ze operéieren, ma no der Analyse vun de Biller gëtt eng nei Decisioun getraff. D'Operatioun gëtt direkt gemaach, matten an der Nuecht, géint 1 Auer moies. Den Ödem am Gehier huet zu deem Moment d'Gréisst vun enger Orange, sou de Laurent Fery. "Ech hat grousst Gléck, dass deen Owend en Neurochirurg do war."

"Zënter deem ech nees waakreg sinn, maachen ech just eppes: ech versichen, mech nees opzebauen. Ech hunn am Verglach mat villen anere grousst Gléck."
Laurent Fery, Direkter vum Guide Gault&Millau Luxembourg

Dono kënnt d'Phas vum Koma, deen deels kënschtlech erbäigefouert gouf. Fir säin Entourage dauert d'Waarde 26 Deeg. Aus senger Perspektiv ass dës Zäit natierlech komplett anescht verstrach. "An engem Brochdeel vun enger Sekonn war ech dout. Et war eriwwer, d'Liewe war um Enn. Dat huet eng hallef Sekonn gedauert. Ech si fortgaangen, et war ganz douce, liicht, a komesch."

Haut ass him d'Diskrepanz tëscht senger Erfarung an där vu senger Famill bewosst. Hie beschreift et als e quasi onbemierkte Moment, seng Famill a Frënn erliewen dës bal véier Wochen als eng Zäit vun Ongewëssheet. "Et ass méi schwéier aus dem Jenseits erëmzekommen, wéi dohinner ze goen. Zënter deem ech nees waakreg sinn, maachen ech just eppes: ech versichen, mech nees opzebauen. Ech hunn am Verglach mat villen anere grousst Gléck."

En Erwächen tëscht Onverständnis... an dem Eurovision Song Contest

Wéi hien erwächt, versteet de Laurent Fery net direkt, wat mat ëm passéiert ass. D'Schläich, d'Apparater fir en z'iwwerwaachen an de ganze medezinesche Setting, déi ronderëm hie waren, hunn hien am Ufank beonrouegt. Hien huet ufanks geduecht, an engem ukrainesche Spidol zu Kiew ze sinn, wou ee wëssenschaftlech Experimenter un him duerchféiert. Gefesselt a komplett desorientéiert huet hie verischt, trotz senge kierperleche Contrainten opzestoen, fir op d'Toilette ze goen. Dono huet hien dann awer sengen Doktere nogelauschtert.

No Wochen am Koma probéiert de Laurent Fery nees zu sengem Bewosstsinn zeréckzefannen, dat an engem medezineschen Ëmfeld, dat hien net kennt. D'Erënnerunge si just deels do, seng Perceptioun ass net ganz kloer. Eng Saach ass him awer am Kapp bliwwen: "Ech weess net, ob een a mengem Zëmmer Musek lafe gelooss huet, awer ech duecht, Lëtzebuerg hätt de Eurovision Song Contest gewonnen!"

Dës Anekdot bréngt een zum Schmunzelen, seet awer och eppes iwwert d'Distanz aus tëscht der Welt, an déi hien nees zeréckkomm ass, an där Welt, déi hie verlooss huet. Wéi hien erwächt ass, huet hie sech als éischt nees mussen orientéieren, verstoen, wat him passéiert ass an akzeptéieren, dass säi Kierper net méi wéi fréier funktionéiert.

Haut ass de Rehazenter zu senger neier Aarbechtsplaz ginn. "Ech sinn all Woch hei, dat ass mäin neien Job: mech nees op d'Been ze stellen. Ech sinn dräi Deeg an der Woch hei. Ufanks war ech siwen Deeg an der Woch, 24 Stonne am Dag hei."

D'Rehabilitatioun ass intensiv. Wären dem Koma huet hie 14 Kilo u Muskelmass verluer. "Ech wousst net, dass een net méi an der Lag ka sinn, net méi normal ze sëtzen, dat well een net méi genuch Muskelen an de Been an an den Uewerschenkel huet."

De Laurent Frey viru sengem Accident am Mee 2026.
De Laurent Frey viru sengem Accident am Mee 2026.
© Lena Le Roy

"Ech hunn d'Doktere gefrot: 'Wat hutt dir mat mengem Dieselmotor gemaach?'"

Zënter deem huet hien nees siwen oder aacht Kilo Muskelmass bäigeholl. Ma de Prozess fir nees gesond ze ginn limitéiert sech net nëmmen drop, nees nei Energie ze kréien. Hien huet och eng chronesch Migrän, ass extrem midd an huet deelweis säi lénkst Siichtfeld verluer. Dat mat der Siicht, erkläert hien, wier en neurologesche Problem a géif net mat sengem A zesummenhänken. Dohier mécht hien och eng orthopädesch Therapie.

Eng vun den Übungen déi hien hei mécht, ass Dëschtennis. Hien erzielt, dass hien heiansdo mat enger Patientin spillt, déi eng änlech Situatioun wéi hien erlieft huet, dobäi awer en Deel vum rietse säitleche Siichtfeld verluer huet. "Et ass scho relativ witzeg, wann zwou Persoune wéi mir Dëschtennis spillen!" Hannert dem Ballwiessel um Pingpong-Dësch verstoppt sech eng Übung, déi der Rehabilitatioun, der Konzentratioun an der Upassung déngt. All Progrès zielt. De Laurent Fery beriicht vu Resultater bei sengen Tester, déi Mutt an Hoffnung maachen, och wann de Wee nach laang ass.

D'Middegkeet bleift ee vu senge gréissten Challengen: "Ech hunn d'Doktere gefrot: 'Wat hutt dir mat mengem Dieselmotor gemaach, dee Motor, deen d'Kilometeren einfach sou gefriess huet an zu Glanzleeschtunge fäeg war'." Sou de Laurent Frey, dee bei sengen eeschten Erzielungen ëmmer nees e wéineg Humor mat erabréngt. "Haut brauch dëse Motor nees eng Éiwegkeet, fir nees opzelueden."

Et ass him awer wichteg ze betounen, wat d'Ekipp am Rehazenter him an den anere Patiente bréngt. "De Rehazenter mécht ee besser, méi schéin a méi cool wéi virdrun! Ech hoffen, dat ass och bei mir de Fall an ech wënschen dat jidderengem."

"Ech hunn eng zweet Chance kritt, en zweet Liewen"

D'Ënnerstëtzung déi hie kritt, limitéiert sech net nëmmen op dat medezinescht Personal a seng Famill a Frënn. Wärend hien am Koma louch, hu vill Gastronomen him Message geschéckt. "Onfaassbar vill Gastronomen hu mer geschriwwen. Mir goufen dës Messagë virgelies, wärend deem ech am Koma louch, och vun deene Betriber, déi mir am Guide erofgestuuft haten. Et waren immens positiv Messagen. Ech hunn d'Gefill, dass mir dat gehollef huet."

Wärend hien net do war, huet d'Aarbecht beim Restaurantsguide misse weidergoen. Inspekteren, virun allem aus Holland, der Belsch a Frankräich hunn zu der Bewäertung zu Lëtzebuerg bäigedroen. D'Ekippen hu sech ugepasst an de Guide ass och ouni säin Direkter um Steier um Liewe gehale ginn.

"Ech hunn eng zweet Chance kritt, en zweet Liewen. Ech wëll et a vollen Zich liewen. Bal nees wéi fréier."
Laurent Frey, Direkt vum Guide Gault&Millau Luxembourg

De Laurent Fery schafft en plus och zënter 2011 bei der ADEM, dat am Service fir Leit mat enger Behënnerung a fir déi berufflech Neiausriichtung. Hie këmmert sech virun allem ëm finanziell Hëllefe fir Employeuren, déi Leit mat enger Behënnerung beschäftegen. Zënter sengem Accident huet de Begrëff vun der Nëtzlechkeet eng ganz besonnesch Resonanz fir hie kritt: "Et ass eng Qual, net méi kënnen ze schaffen a seng Kolleegen net méi ze gesinn. Aarbecht bedeit och, um gesellschaftleche Liewen deel ze hunn, sech fir d'Gesellschaft nëtzlech ze fillen. Ech vermësse meng Kolleegen, sief et bei der ADEM oder bei Gault&Millau."

Hien zielt eis géigeniwwer, dass Gespréicher mat sengen Employeure, den Doktere vum Rehazenter an den Aarbechtsdoktere géife lafen. Säin Ëmfeld encouragéiert en zwar, méi kuerz ze trieden, ma hie wëll awer eng Perspektiv behalen. "Ech wëll sou séier wéi méiglech nees schaffe goen. Ech wëll op d'mannst eng Perspektiv fir meng Zukunft hunn."

Mat 55 Joer ass hien der Meenung, dass d'Zukunft nach virun ëm läit. "Ech hunn eng zweet Chance kritt, en zweet Liewen. Ech wëll et a vollen Zich liewen. Bal nees wéi fréier."

E Gala, deen eng posthume Éierung hätt kéinte sinn

De Gala vu Gault&Millau Luxemburg leschte Méindeg hat zwangsleefeg eng ganz besonnesch Dimensioun. Ufanks vun de Preparatiounen war mat deem schlëmmste gerechent ginn. De Gala hätt d'Form vun engem Hommage kéinte kréien, en Hommage fir eng Persoun, dee Joer vir Joer dozou bäigedroen huet, de Guide zu Lëtzebuerg mat Liewen ze fëllen. "Ma amplaz vun engem 'In Memorium', gëtt et e Gala mat grousse Wäiner, grousse Platen a ganz grousse Käch", erkläert hien am Virfeld vum Gala. "Et wäert immens ginn."

Wat d'Zukunft betrëfft, sou ass et dem Laurent Frey säi Wonsch, de Guide zu Lëtzebuerg weider ze leeden. "Dëse Guide ass mäi Bëbee. Ech si vun Ufank un dobäi. Et ass en international renomméierte Guide an ech wëll deem weiderhi gerecht ginn."

Hie weess awer och, dass säi Comeback vu sengem Gesondheetszoustand ofhängeg ass. "Wa mäin Zoustand et net zouléisst, wäert ech mech zeréckzéien. Et muss e fair sinn. Vill Saachen hu wärend mengem Depart gutt funktionéiert. An e bësse frëscht Blutt ass gutt. Mir wäerte gesinn, wéi et weider geet a wäerten dann doraus Schlëss zéien."

An der Tëschenzäit wëll hien nees gesond ginn an huet e Message un déi Leit, déi eng änlech Phas mussen duerchmaachen: "Et ginn an dësem Land Léisungen, fir nees op d'Been ze kommen, et muss een et just wëllen."

An der Cafeteria vum Rehazenter ass de Kaffe zënter enger hallwer Stonn schonn ausgedronk an den Eisekuch bal fort. "Dat hei ass praktesch dat eenzegt, wat ech haut giess hunn", betount hien.

E Méindeg den Owend huet de Laurent Fery beim Gala vu Gault&Millau op d'mannst eng Welt nees erëmgesinn, déi hien in- an auswenneg kennt: d'Welt vun de grousse Käch, de schéin dekoréierten Telleren an der héijer Gastronomie.

Back to Top
CIM LOGO