
D'Police war e Freideg iwwer de LuxTrust-Bedruch informéiert ginn. Bei den Ermëttlunge konnt eng sougenannt "Money Mule" identifizéiert ginn. Op Uerder vum Parquet gouf eng Perquisitioun duerchgefouert, bei där Beweismaterial séchergestallt gouf. Déi Verdächteg gouf mat op de Policebüro geholl an e Protokoll geschriwwen.
An deem Zesummenhang warnt d'Police nach eng Kéier viru Phishing-Bedruch. Verwaltungen a Banke géifen ni dozou opfuerderen, Bankkaarten oder Zougangsdonnéeën u friem Persounen ze ginn oder perséinlech Donnéeën iwwer Telefon oder E-Mail matzedeelen. Bei Zweiwele soll ee sech net ënner Drock setze loossen an déi betraffe Bank iwwer hir offiziell Kontaktweeër kontaktéieren.
D'Police réit Affer ausserdeem, hir Bank- a Kreditkaarten iwwer Worldline um (+352) 49 10 10 an hir LuxTrust-Konventioun um (+352) 24 550 550 spären ze loossen. Donieft soll een d'Bank kontaktéieren, fir eventuell de WERO-Kont oder de Bankkonto provisoresch spären ze loossen an eng Ufro fir e Remboursement fir méiglech illegal Transaktiounen ze maachen.