Weltausstellung zu Osaka a Japan379.000 Visiteure goufen am Lëtzebuerger Pavillon gezielt

RTL Lëtzebuerg
Den Ausseministère an d'Chambre de Commerce hu sech e Mëttwoch de Moien op der Bilanspressekonferenz ganz zefridde gewisen.
© AFP

Och wann et der däitlech manner waren, ewéi viru fënnef Joer op der Weltausstellung zu Dubai mat iwwer 645.000 Visiteuren oder viru 15 Joer zu Shanghai mat iwwer 7 Millioune Visiteuren.

Dat et manner Visiteuren um Lëtzebuerger Stand waren, ewéi bei de viregten Editiounen, erklären d’Organisateure sech doduerch, datt et eng immersiv Experienz war, fir déi ee ronn 20 Minutte misst aplangen. Och Gedold war gefrot, huet de Generalkommissär vum Pavillon, André Hansen, erkläert. De Grand-Duché wier e bësse “Victime vum eegene Succès” ginn. Zum Schluss hätten d’Leit dräi, véier, zu de Spëtzenzäite fënnef Stonne gewaart, fir eran.

Et wier drëms gaang, Lëtzebuerg ze promouvéieren an déi Missioun wier gegléckt, sou den Ausseminister Xavier Bettel.

De Xavier Bettel zu der Weltausstellung
Et wier drëms gaang, Lëtzebuerg ze promouvéieren an déi Missioun wier gegléckt, sou den Ausseminister.

Mat ronn 2.250 Visiteuren den Dag iwwer déi sechs Méint louch den Auslaaschtungstaux vum Lëtzebuerger Pavillon bei ronn 95 Prozent. Tëschent dem 13. Abrëll an dem 13. Oktober goufen 52.000 Grillwurschten a 19.500 Gromperekichelcher verkaf. Och de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen, schwätzt vun enger Missioun accomplie. Et hätt ee Lëtzebuerg op der Scène mondiale, bei de japanesche Visiteuren, awer och international op d’Kaart gesat.

De Budget vun 30 Milliounen Euro wier iwwerdeems net iwwerschratt ginn, et wier een e gutt Stéck drënner, huet de Xavier Bettel verséchert, ouni awer ee Montant ze nennen. Wann et dem Ausseminister an der Chambre de Commerce no geet, sollt Lëtzebuerg och bei der nächster Weltausstellung zu Riad a Saudi-Arabien a fënnef Joer dobäi sinn. Déi Entscheedung gëtt awer um Enn am Regierungsrot geholl.

Alleguerten d’Statistiken iwwert de Lëtzebuerger Pavillion hei am PDF!

LINK: Weltausstellung zu Osaka - Lëtzebuerg gewënnt Präis fir nohaltegste Pavillon ënner 1.500m2

Back to Top
CIM LOGO