
Zu Stroossen hat um Freideg den Owend den Daach vun engem Haus gebrannt. D’Pompjeeë vu Bartreng, Koplescht, Mamer an aus der Stad waren an den Asaz geruff ginn, grad ewéi eng Ambulanz vu Mamer. Wéi de CGDIS schreift, blouf et awer beim Materialschued.
An der Nuecht op e Samschdeg, kuerz virun 2 Auer, ass zu Kënzeg an der Rue de Grass en Auto op d’Kopp gaangen. Bei deem Accident goufen net manner wéi 4 Persoune verwonnt. Ambulanze vun Esch a Péiteng waren am Asaz.