CGDIS5 Leit no Feier an engem Keller fir Kontroll am Spidol

RTL Lëtzebuerg
Da mellt de CGDIS och nach eng Persoun, déi an der Stad ugestouss gouf.

En Dënschdeg kuerz viru Mëtteg kruten d’Ekippe vum CGDIS e Feier an engem Keller zu Esch gemellt. D’Ekippe vun Esch a Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz am Asaz. Fënnef Leit koumen no dësem Brand fir eng Kontroll an d’Spidol.

Géint 14 Auer gouf dann um Lampertsbierg eng Persoun ugestouss, déi dono och an d’Spidol koum. D’Stater Rettungsdéngschter waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO