Konjunkturcomité60 Betriber hunn Demande op Kuerzaarbecht eragereecht, 49 goufe guttgeheescht

Joel Detaille
Et war déi éischt Sitzung ënnert der Presidence vum neien Aarbechtsminister Marc Spautz.

Fir de Januar 2026 hunn am ganze 60 Betriber eng Demande op Kuerzaarbecht eragereecht, wouvunner der 49 guttgeheescht goufen. Maximal concernéiert, fir kuerz ze schaffen, wieren 4.580 Salariéen.

Wéi vill et der all Mount genee waren, doriwwer gëtt ëmmer eréischt 3 Méint dono e Bilan gezunn. Sou hunn am Laf vum September just 24 Betriber effektiv op de Chômage partiel zeréckgegraff vun 41, déi et hätte maache kënnen.

Comité de conjoncture vum 16. Dezember 2025
Pressecommuniqué vum Wirtschaftsministère

Back to Top
CIM LOGO