Police weist sech ganz zefridden649 Persounen hu sech fir 200 oppe Plaze ugemellt

Tom Nols
Dëst Joer hu sech bei der Police 622 Persounen ageschriwwe fir den Opnamexamen an de Gruppe B1 an C1, a 27 Leit hu sech fir d'Admissioun an de Grupp A1 gemellt.
© Laurent Weber

Am Kader vun der Rekrutementscampagne 2025/2026 hu sech am Ganze 649 Persoune gemellt, déi an d’Servicer vun der Police Grand-Ducale antriede wëllen. 622 Leit hu sech ageschriwwe fir den Test ze maachen, deen d’Formatioun an den Traitementsgruppe B1 an C1 erlaabt. 27 Persounen hu sech fir den Test an der Karriär A1 gemellt.

De Rekrutement vun 200 neie Fonctionnaires-stagiaires an de Gruppe B1 an C1 sinn d’Resultat vun de kontinuéierlechen Efforten, déi d’Police an de leschte Jore beim Rekrutement vun neie Leit ënnerholl huet.

Déi sougenannten “épreuve spéciale”, déi iwwert déi nächste Wochen a Méint wäert goen, besteet aus dräi groussen Etappen. Dobäi wäert erausfonnt ginn, wéi eng Kandidatinnen a Kandidaten am beschte gëeegent si fir de Beruff vun der Polizistin oder vum Polizist. Baséierend op deene Resultater wäert e Klassement opgestallt ginn, fir déi 200 oppe Plaze vun den zukünftege Stagiairen ze besetzen.

Wéi gëtt getest?

Als éischt steet e Sportstest um Programm. Wien dee packt, gëtt duerno standardiséierten Tester ënnerzunn, an deenen ënnert anerem déi franséisch an déi däitsch Sprooch, grad esou wéi d’Allgemengwësse vun de jeeweilege Persoune getest ginn. No dëser zweeter Etapp gëtt een Tëscheresultat opgestallt. Déi Bescht dierfen duerno den drëtten Deel vum Test ugoen, deen aus engem Psychologiestest an engem Entretien op lëtzebuergesch besteet. Dobäi gëtt gekuckt, wéi d’Profiller vun de jeeweilege Persounen op déi spezifesch Funktioune passen. Uschléissend ergëtt sech op där Basis e Schlussklassement.

Definitiv fir de Stage zougelooss ass, wien ënnert den éischten 200 ass vun der épreuve spéciale, nodeems d’Persoun beim Aarbechtsdokter passéiert ass an en Zouverlässegkeetstest bestanen huet. D’Rentrée an der Policeschoul, déi den Optakt vum eigentleche Stage duerstellt, ass fir d’Fréijoer 2026 virgesinn.

Wéinst de villen Umeldungen ass d’Police Lëtzebuerg optimistesch, déi richteg Leit ze fannen, a seet jidderengem Merci, dee sech fir de Rekrutement gemellt huet, a wënscht alle Kandidatinnen a Kandidate bonne chance fir déi nächst Etappen. Weider Informatiounen zum Rekrutement bei der Police stinn op police.lu/jobs.

Back to Top
CIM LOGO