Gréissere Policeasaz op der PolvermillenA verdächtegem Pak war wäisse Pudder - LNS mécht Analysen

RTL Lëtzebuerg
Op der Polvermillen war um fréie Freideg den Owend eng gréisser Policeaktioun.

Wéinst engem verdächtege Pak war eng Tankstell opgespaart ginn. Am Pak gouf en ondefinéierbare wäisse Pudder fonnt, dat huet d’Police a Samschdeg an der Mëttegstonn matgedeelt.

No éischten Analyse vu Police a CGDIS konnt Entwarnung gi ginn. Vun der Substanz ass keng Gefor ausgaangen. Et ass keng Persoun zu Schued komm.

Ëm wéi ee Pudder et sech genee handelt, soll elo den LNS (Laboratoire National de Santé) erausfannen.

De Sécherheetsperimeter gouf no enger Zäit nees opgehuewen.

Back to Top
CIM LOGO