En Donneschdeg de Moie koum et wärend an och no der Reunioun vun der Wirtschaftskommissioun zu engem Eclat an der Chamber.
Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar war mam Post-Direkter Claude Strasser a mam Wirtschaftsminister Etienne Schneider uneneegeroden.
Hannergrond sinn d’Reprochen am Dossier Join.
"Ganz massiv Steiergelder an de Sand gesat"
D'CSV hat nach an der Vergaangenheet dovunner geschwat, datt ronn 96 Milliounen Euro an de Sand gesat goufen. Elo ass déi Zuel op 71 Milliounen Euro no ënne revidéiert ginn. Donieft hätt d’Post ee Prêt vu 25 Milliounen un Join Experience an Join Infrastructure accordéiert. De Laurent Mosar schwätzt vun engem mëttelgrousse Skandal. Déi Zuele wieren eigentlech och net kontestéiert, op der anerer Säit géifen de Minister an de Postdirekter drop verweisen, datt d'Post elo eng Rei Clienten hätt, wat och e Wäert géif duerstellen, esou den CSV-Deputéierten, deen awer Kloertext schwätzt: "Mir stelle fest, datt hei ganz massiv Steiergelder an de Sand gesat ginn. Hei stelle sech och Froe vu Responsabilitéit, dat wäerte mer an enger nächster Sitzung nach klären."
D’CSV berifft sech an hirer Justifikatioun just op d’Comptabilitéitsbicher. Wat hei dra stéing, hätt een ze gesi kritt an deemno seng Konklusioune gezunn, datt ronn 71 Milliounen Euro an de Sand gesat goufen. Aneschters gesinn dat de Postdirekter an de Wirtschaftsminister, déi allebéid betount hunn, et misst een och d’Infrastruktur an d’Zuel vun de Cliente berécksiichtegen.
"Geschäftsschiedegend Behaaptungen"
De Post-Direkter Claude Strasser geheit der CSV dann och vir, geschäftschiedegend Behaaptungen ze maachen, déi falsch wieren, esou seng Ausso nom Interview. Doran hat de Claude Strasser betount, de Projet mat Join wier keen Echec. Et wier vläicht ee gewiescht an där Form, wéi eng am Ufank 2012-2013 konzipéiert gi wier, esou de Post-Direkter, ma aus Postsiicht wier dat haut sécher net méi de Fall, well haut wier d'Post Proprietär vun Join an do wier et normal, datt een dran investéiert hätt, esou wéi een a vill Filialen investéiert hätt. Join wier fir d'Post haut en Asset, mat 25.000 Clienten an der Telefonie, wat en zolitte Wäert wier, a mat informatesche Plattforme vun enormen, onschätzbarem Wäert an der haiteger Welt. Et kéint also guer net dovu rieds sinn, datt de Projet als solches en Echec sollt sinn.
A wéi dee Wäert vun de Clienten festgeluecht gëtt, wëllen d’Pirate bei enger weiderer Entrevue wëssen. Et wieren nämlech nach eng ganz Partie Froen no der 45 Minutte laanger Reunioun op. Faktesch Froen, esou de President vun de Piraten, de Sven Clement.

Am Dossier schéngen et alos kloer Interpretatiounsdivergenzen ze ginn. Esou koum et dann och, datt de Postdirekter, de Wirtschaftsminister Etienne Schneider an de Laurent Mosar vun der CSV net nëmme wärend der Reunioun, mä och no dëser, virun de Mikroe vun der Press, uneneegerode sinn.
