Neie Vizepresident vun der "Stëmm vun der Lëtzebuerger Industrie" ass de Charles-Louis Ackermann.

Dat huet de Conseil op senger Reunioun vum Mëttwoch decidéiert. Datt Michèle Detaille dee Poste wuel iwwerhuele géif, hat RTL ewell am Februar gemellt. Si ass déi éischt Fra un der Spëtzt vun der Fedil.

© Screenshot Youtube

D'Michèle Detaille war schonn zanter Juli zejoert Vize-Presidentin vun der Fedil. Déi 61 Joer al gebierteg Belsch hat 1996 d'Societéit No-Nail-Boxes iwwerholl, déi si nach ëmmer leet.

De Wiessel un der Spëtzt vun der Fedil war jo noutwenneg ginn, well de President Nicolas Buck an de Vizepresident Michel Wurth hiren Depart ugekënnegt haten. Den Nicolas Buck ass jo neie President vun der UEL.

De Poste vum Michel Wurth iwwerhëlt de Charles-Louis Ackermann.

Déi offiziell Passatioun bei der Fedil ass de 25. Abrëll.

D'Fedil representéiert iwwer 600 Member aus am ganze 35 Industriesecteuren.