WunnengspräisserEn neit Appartement kascht an der Moyenne ronn 583'000 Euro

RTL Lëtzebuerg
Wien am Mäerz wollt en Appartement lounen, huet an der Moyenne missten eng 1'520 Euro pro Mount ausginn. Fir en Haus louch de Loyer bei ronn 2'900 Euro.

Dës Zuelen deelt atHome um 2. Abrëll mat. Dem Immobilien-Internetportal no, wieren dann och d’Präisser iwwert déi lescht 12 Méint gekuckt ëm ronn 10% an d’Luucht gaangen.

Ee vun de Grënn firwat d’Loyerspräisser unzéien ass, wëll 65% vun alle Wunnengen, déi an der Locatioun sinn, am Zentrum vum Land a ronderëm d’Stad situéiert sinn.

Och d’Kafe vun Immobilien bleift eng deier Affär: an der Moyenne si fir en eelert Appartement eng 486'000 Euro ze bezuelen, fir en Haus eng ronn 813'000 Euro.

En neit Appartement kascht iwwerdeem ronn 583'000 Euro an der Moyenne.

Weider interessant Zuelen: an der Moyenne läit de Präis fir de Meter-Carré fir en Appartement bei ronn 5'700 Euro, bei engem Haus mécht des Zomm eng 4'400 Euro aus - de Rekord bei de Vente-Präisser sinn natierlech Appartementer um Gebitt vun der Stad, wou de Meter-Carré ronn 8'000 Euro kascht.

D’Statistike baséiere sech op d’Präisser, déi an den Annoncen op atHome.lu affichéiert sinn, dëst tëscht Mäerz 2018 a Mäerz 2019.
21'800 Annonce goufen als Echantillon fir dës Statistike consideréiert.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO