All Woch lauschteren 295.100 Leit RTL Radio Lëtzebuerg, 266.300 Spectateure kucken RTL Télé Lëtzebuerg an 252.400 Visiteure surfen op RTL.lu.

D’Resultater aus der aktueller Plurimedia-Etüd vun der TNS-Ilres confirméieren och dëst Joer nees déi stabil Entwécklung vun den RTL-Medien, déi an der Wochenaudienz déi 3 éischt Plazen am Ranking vun de Lëtzebuerger Medie beleeën. All 6 Méint loossen d’Regierung an d’Haapt-Medienhaiser (Editpress SA, IP Luxembourg/CLT-UFA a Saint Paul Luxembourg SA) via TNS-Ilres préiwen, wéi de Mediekonsum zu Lëtzebuerg evoluéiert.

Op d’Woch gekuckt, lauschteren 56.2 % vun der Populatioun (vun iwwer 12 Joer) RTL Radio Lëtzebuerg. Mat 295.100 Nolauschterer pro Woch ass RTL Radio Lëtzebuerg dee meescht-consomméierte Medium zu Lëtzebuerg a bleift d’Nummer 1 vun alle Lëtzebuerger Medien. Am Duerchschnëtt lauschtere si 2,5 Stonnen den Dag eise Radio.

D’Programmer vun RTL Télé Lëtzebuerg (och via den 2. RTL an Internet) ginn, op d’Woch gekuckt, vu méi wéi der Halschent (51.1%) vun der Populatioun (vun iwwer 12 Joer) gekuckt. Vun deenen 266.300 Spectateure sinn 31 % auslännesch Residenten.

Mat méi ewéi 250.000 Visiteure pro Woch – dat sinn 49 % vun der Bevëlkerung (+12 Joer) – bleift RTL.lu och dee meescht-consomméierten Internet-Medium am Land. Um Lëtzebuerger Informatiouns-Site si bal een Drëttel (32 %) vun de Visiteure auslännesch Residenten.

Op eng Woch gekuckt, erreechen d’RTL-Medie 405.000 Persounen, dat sinn 77.3 % vun der Populatioun (vun iwwer 12 Joer). RTL Radio Lëtzebuerg, RTL Télé Lëtzebuerg an RTL.lu beleeën an der Wochenaudienz weiderhin déi 3 éischt Plazen am Ranking vun de Lëtzebuerger Medien.

D’ganz Ekipp vun RTL Lëtzebuerg seet Iech MERCI fir d'Vertrauen,
dat Dir eis Dag fir Dag entgéintbréngt.