Eng kommerziell Aktivitéit wier fir e Minister verbueden, sou d'CSV e Samschdeg op engem aussergewéinlechen Nationalkongress.

Ronn 200 Leit waren e Samschdeg de Moien zu Rodange um ausseruerdentlechen Nationalkongress vun der CSV. Et goung virop ëm eng Resolutioun iwwert de Klimaschutz, de Wuesstem an de Logement, déi unanime mat enger Enthalung ugeholl gouf. Eng vun de Proposen vun de Chrëscht-Sozialen am Kontext vu méi erschwénglechem Wunnraum wier et, neit Bauland ze definéieren, an eventuell esouguer do, wou et méiglech ass, nei kleng Stied ze schafen.

D'Fraktiounspresidentin Martine Hansen an de Parteipresident Frank Engel hunn um CSV Kongress awer och d'Geleeënheet genotzt, fir alt nees eng Kéier déi sëllechen „Affären" vun der blo-rout-grénger Regierung unzeschwätzen, also d'Affäre „Geheime Casier", „Gewaltentrennung", „Traversini-Dieschbourg", „Filmfong" an déi rezent Affär ronderëm den „Interessekonflikt bei der Ministesch Corinne Cahen".

Um Kongress gouf gesot, dass et net normal wier, datt d’Familljeministesch Corinne Cahen eng Wunneng op Airbnb verlount huet an dass eng kommerziell Aktivitéit fir e Minister verbuede wier. D'Informatioun geet zeréck op en Artikel vun RTL 5 Minutes am Januar. D'Annonce ass an der Tëschenzäit, sou wéi se war, erofgeholl ginn. Den ADR Deputéierten Fernand Kartheiser huet en Donneschdeg eng parlamentaresch Fro gestallt, fir gewuer ze ginn, ob eng kommerziell Aktivitéit op Airbnb kompatibel ass mam Artikel 4 vum Deontologiekodex fir Regierungsmemberen. Hie freet och, firwat d'Ministesch déi Aktivitéit net an hirer Regierungserklärung uginn huet.

Op hirem ausseruerdentleche Kongress e Samschdeg de Moien huet d'CSV d'Blo-Rout-Gréng Regierung ferm kritiséiert, well se bei all den Affären an de leschte Méint géing verhënneren, datt Feelverhalen opgedeckt ginn. "Jo, mir hätten och aner Problemer am Land", sot de Parteipresident Frank Engel, mee et géifen eben och déi do ginn, déi een net dierft ignoréieren.

Marc Fischbach bedauert d'Decisioun vum Xavier Bettel

Den Ethik-Comité misst sech wuel mam Bréif vun der Familljeministesch Corinne Cahen un de Stater Geschäftsverband beschäftegen.

Där Meenung ass de fréiere Member vum Ethik-Comité a fréieren CSV Minister Marc Fischbach. Hie bedauert d'Decisioun vum Staatsminister Xavier Bettel, den Ethik-Comité net ze saiséieren an datt den Ethik-Comité sech net selwer kann saiséieren.

De Marc Fischbach huet am RTL-Interview e Samschdeg de Moie gehofft, datt de Xavier Bettel seng Decisioun iwwerdenkt. D'ganz Oppositioun (CSV, ADR, déi Lénk a Piraten) huet e Freideg e Bréif un de Staatsminister geschriwwen, an deem se dem Corinne Cahen e klore potentiellen Interessekonflikt virgeheit.

Op de Fait, datt d'Corinne Cahen an der Vergaangenheet eng Wunneng op Airbnb verlount huet, wollt de Marc Fischbach e Samschdeg de Moien am Interview net agoen.

Marc Fischbach iwwert Corinne Cahen