D’CSJ hat an engem Schreiwes vun engem Fauxpas zu engem Interessekonfikt geschriwwen, nodeems d’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen wéinst enger Email, déi si vun hirem berufflechen Account verschéckt hat, an d’Kritik gerode war.
RTL NEWS: Corinne Cahen reagéiert a publizéiert ganze BréifD’Deputéiert Diane Adehm (CSV) an de Fernand Kartheiser (ADR) hu kuerz drop eng parlamentaresch Fro gestallt. De Staatsminister sot a sengen Äntwerten, datt et e “perséinleche” Message vun der Madamm Cahen un de Geschäftsverband gewiescht wier an, datt si sech ewell virun hirem Mandat an der Regierung fir de lokale Commerce engagéiert gehat hätt.
Mam Deontologie-Kodex vun der Regierung stéing dëse Mail NET a Konflikt, seet de Xavier Bettel, deen domat och en Interessekonflikt de facto ausschléisst. Eng Entschëllegung gouf et vun der Familljeministesch iwwert d’sozial Medien, ma domat ass d’Oppositioun net zefridden.
Martine Hansen (CSV):„Och wann de Schong dréckt, muss de Minister awer den Interessi vun alle Leit am An hunn an déi suivéieren an net seng eegen Interessien. Et ginn och nach aner Geschäftsleit, déi Problemer hunn. Zu Ettelbréck sinn och vill Chantieren. Do huet d’Ministesch net agéiert. Si huet agéiert, well si an der Géigend ee Buttek huet.”
D’parlamentaresch Oppositioun léisst net labber an der Affär ëm d’Email vun der Ministesch Corinne Cahen un d’Adress vum Stater Geschäftsverband a Saachen Tram-Chantier an der Madamm Cahen hiert Schonggeschäft. E Courrier, dee via d’Ministesch-Mail-Adress verschéckt gouf.