Jong vun 2 Joer vun Äis-Skulptur getraff an déidlech blesséiert
Op Nofro huet och de Sculpteur sech schockéiert gewisen. Ma d'Skulptur hätt net einfach esou kéinten ëmfalen.
E Sonndeg den Owend koum et géint 20 Auer um Wantermaart um Knuedler direkt nieft der Äispist zu engem déidlechen Accident. Eng Skulptur aus Äis ass aus bis elo net gekläerte Grënn um Wantermaart um Knuedler an de Koup gefall an e klengt Kand ass vun de Stécker getraff ginn.
De klenge Jong vun 2 Joer ass nach op der Plaz u sengen uerge Blessure gestuerwen, dat huet d'Police e Sonndeg den Owend matgedeelt.
Um Knuedler goufe Käerzen néiergeluecht. Honnerte Leit deelen op de Sozialreseauen hiert Bäileed.
No enger Pressekonferenz an der Stater Gemeng, hu Vertrieder vun der Gemeng Lëtzebuerg, Mataarbechter vum LCTO, d'Forainen an och de Premierminister Xavier Bëttel e Méindeg den Owend Blummen op der Onglécksplaz deposéiert.








































Lydie Polfer: Skulptur war den Dag vum Accident opgeriicht ginn
Op der Pressekonferenz e Méindeg den Owend huet d'Buergermeeschtesch vun der Stad Lydie Polfer der Famill hiert déifsten Matgefill a Bäileet ausgeschwat. Et wier dat Schlëmmst, wat ee sech ka virstellen, wat um Knuedler geschitt wier, esou d'Lydie Polfer.
Och iwwert den Tëschefall ass si ze schwätze komm. Esou gouf et d'Informatioun, datt d'Skulptur den Dag selwer opgeriicht gouf an och geduecht war, fir participativ kënne matzemaachen. Deel vun der Skulptur war e Stull, op deen d'Leit sech konnte sëtzen a Fotoe maachen. D'Figur wier aus nach net gekläerte Grënn e Sonndeg den Owend ëmgefall an hätt dobäi e Kand vun 2 Joer an 10 Méint getraff. De Bouf wier kuerz dono u sengen uerge Blessure gestuerwen.
© Domingos Oliveira (RTL)
D'Sécherheetsfirma, de CGDIS an d'Police wiere séier op der Plaz gewiescht, esou d'Stater Gemengemamm an et hätt ee sech ëm d'Kand an d'Leit ronderëm gekëmmt. De Support psychologique war dann och fir d'Famill op der Plaz.
Et wier och net déi éischte Kéier, datt den LCTO mat där Firma geschafft hätt. Schonn dräimol wier déi Firma, déi schonn iwwer eng Dosen international Präisser gewonnen hätt, zu Lëtzebuerg aktiv gewiescht.
Elo wier et wichteg, séier d'Ursaache vun deem trageschen Accident erauszefannen. D'Stater Gemeng géif awer kengem eng Schold zouweisen, datt misst d'Enquête vun der Police an d'Geriicht dono festleeën. D'Stater Buergermeeschtesch betount, dass et fir den Ament méi Froe wéi Äntwerte géife ginn. Et hofft een, dass d'Enquête sou séier wéi méiglech weiderkënnt.
© RTL Mobile Reporter
Marc Angel: Den LCTO participéiert bei der Enquête
Et wier elo schonn déi 3. Kéier, dass den LCTO e Bon de commande bei der Firma vum concernéierte Sculpteur gemaach huet. De President vum LCTO, de Marc Angel präziséiert, dass keng weider Sécherheetsmesuren hu misste geholl gi bei der Skulptur. Wuertwiertlech gouf an der Offer ënnerstrach, dass et sech bei der Äis-Skulptur ëm eng "Animation live, avec possibilité d'assise au public" gehandelt huet. De Marc Angel stellt sech als President hannert den LCTO an dëse schwéiere Stonnen.
Sonndes um 16 Auer gouf d'Konschtwierk mat engem entspriechende Sécherheetsperimeter am Kader vun enger Liveperformance opgeriicht. Um 17 Auer war d'Skulptur du fir de Public fräi.
Police war direkt op der Plaz a freet elo no Zeien a Beweismaterial
Eng Policepatrull, déi souwisou op der Plaz war, huet direkt nom Accident eng weider Patrull ugefrot. Secouriste waren direkt beim Kand, e Sécherheetsperimeter gouf bannent e puer Minutten opgestallt. Dobäi kënnt, dass dann och zimmlech séier d'Police judiciaire an de Miess- an Erkennungsdéngscht op der Plaz waren.
E Group de Support psychologique war bei der Famill an huet zesumme mat Mataarbechter vun der Stad Lëtzebuerg d'Familljememberen an der Gemeng encadréiert.
D'Police rappelléiert och nach eemol, dass all Element, also och Fotoen a Videoen, déi mam Handy gemaach goufen, extrem hëllefräich fir d'Ermëttlunge kéinte sinn. Leit, déi eppes gesinn hunn, solle sech bei der Police aus der Stad ënnert der Telefonsnummer 244404500 oder iwwert den 113 mellen.
ITM huet d'Skulptur net ofgeholl, keng Kameraen um Knuedler
De Grond wier, dass d'ITM an der Reegel éischter Bünen ofhëlt, heibäi dréit et sech awer ëm e Konschtwierk, sou dass d'ITM hei net concernéiert war. Et gouf awer betount, dass eng Partie Saachen nei missten iwwerkuckt ginn.
Weider ënnersträicht d'Stad Lëtzebuerg, dass et um Knuedler keng Sécherheetskamerae ginn. Leit, déi Videoen oder Fotoe vun der Skulptur respektiv vum Accident hunn, solle sech op alle Fall bei der Police mellen. Et ass bis ewell onkloer, ob d'Skulptur aus Äis a sech zesummegefall ass oder ëmgestouss gouf. Déi komplett Skulptur, mat all den Elementer, war iwwregens 2,50 Meter héich a ronn 2,2 Tonne schwéier.
De Chrëschtmaart wäert dann och en Dënschdeg nees fir de Public nees op sinn, dat allerdéngs ouni d'Skulptur, déi fir den Ament sécher an engem Sécherheetsberäich gelagert gëtt an als Beweismaterial déngt.
Sculpteur ënner Schock
De Sculpteur sot RTL iwwerdeems hie wier och ënner Schock. Senger Meenung no kéint et net sinn, datt esou e grousse Block Äis einfach esou ëmfält. Dat wier an de 15 Joer wou hien esou Sculpture mécht, nach ni geschitt.
D'Skulptur aus Äis, déi e Sonndeg den Owend an de Koup gefall ass. / © Loïc Juchem / RTL Radio Lëtzebuerg
Weider Aussoe vum Sculpteur bei de Kolleege vu 5Minutes
D'Police mécht een Zeienopruff
Leit, déi eppes gesinn hunn, solle sech bei der Police aus der Stad ënnert der Telefonsnummer 244404500 oder iwwert den 113 mellen.
De Knuedler war nom Tëschefall groussraimeg ofgespaart ginn. Op der Plaz waren d'Police, de Miess- an Erkennungsdéngscht an de Parquet.
© RTL
Wéi et zum déidlechen Accident konnt kommen, muss elo gekläert ginn. De Parquet huet e Méindeg confirméiert, dass wéinst Homicide involontaire enquêtéiert gëtt.
Och de Parquet appelléiert nach emol u Leit, déi eppes gesinn hunn, sech um 113 ze mellen.
Op der Pressekonferenz huet d'Vertriederin vun der Police Myriam Meyer präziséiert, datt et wichteg wier, datt Leit hinne Fotoen a Video kéinte schécken, déi si an de Stonne virum Accident oder wärend dem Accident gemaach hunn. Och wann een et dacks net op den éischte Bléck gesäit, kéinten op deene Fotoen Indicen ze fanne sinn, déi zur Opklärung vum Fall kéinte bäidroen.
Chrëschtmäert zou, Animatiounen annuléiert
De Stater Schäfferot léisst matdeelen, datt en „consternéiert“ ass. Aus Respekt sinn all d’Chrëschtmäert zou an aner Animatiounen an der Haaptstad fir dëse Méindeg annuléiert, dorënner och déi geplangte Mënscheketten vun der Orange Week.
Tweet VDL
De Premier Xavier Bettel huet op Twitter geschriwwen: „et ass net a Wieder ze faassen wéi traureg dat eis mécht“.
Um Méindeg den Owend gouf et awer d'Nouvelle, datt de Chrëschtmaart vun en Dënschdeg un nees seng Dieren opmécht.
© Police
Message vum Schäfferot vun der Stad LëtzebuergC’est avec consternation que le Collège échevinal a appris l’accident survenu hier soir à la place Guillaume II, où une sculpture de glace s’est effondrée, blessant grièvement un jeune enfant. Malgré les mesures de secours entreprises immédiatement, l’enfant n’a malheureusement pas pu être secouru et a succombé à ses blessures.
Sachant que d’aucuns mots ou actes ne pourront apaiser la douleur qu’éprouve la famille et les proches de la victime face à cette tragédie horrible, le Collège échevinal leur transmet ses plus sincères condoléances et leur exprime sa profonde compassion.
Par respect, tous les marchés de Noël dans la capitale ainsi que les animations programmées dans ce cadre seront annulés aujourd’hui. Un point presse conjoint avec le Luxembourg City Tourist Office aura lieu à 18.00 heures à l’Hôtel de Ville.
A l’heure actuelle, l’incident est encore sous enquête de la police judiciaire pour déterminer les causes exactes de l’accident.
Le Collège des bourgmestre et échevins