D'Präisser vun den Alters- oder Fleegeheimer hei zu Lëtzebuerg géife vun de Gestionnairë fixéiert ginn.

De Ministère kann näischt zu der Evolutioun vun den Tariffer an Alters- oder Fleegeheimer soen. Dat schreift d'Familljeministesch Corinne Cahen an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP-Deputéiert Simone Asselborn-Bintz iwwert de Complément gérontologique.

E Register, deen duerch de Gesetzprojet iwwert d'Qualitéit vun de Servicer geschaaft gëtt, soll d'Entwécklung vun de Präisser dokumentéieren, sou d'Ministesch, déi weider ënnersträicht, dass et a SERVIOR-Strukturen am Dezember 2009 zu der leschter generaliséierter Hausse vun de Präisser baussent den Index-Upassunge koum.

Op Enn Dezember hunn iwwregens 615 an op Enn Januar 610 Leit vum Complément gérontologique profitéiert. Dee gëtt vum Fonds national de solidarité bezuelt, fir den Accueil vu Leit ënnert anerem an Alters- oder Fleegeheimer.