
Wéi d’Santé en Dënschdeg den Owend an engem Schreiwes matgedeelt huet, war opgrond vun engem Feeler bei der Transmissioun d’Zuel vun 69, déi e Méindeg matgedeelt gi war, falsch, esou datt dës elo ëm 2 Persounen no ënne korrigéiert ginn ass.
D’Altersmediane läit bei 85 Joer.
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 15 positiv geteste Patienten zënter e Méindeg. Dat sinn der elo am Ganzen 3.307.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 29.523 Tester gemaach. Bannent de leschte 24 Stonne waren et der 208 an dovunner waren der nëmme 15 positiv.
Aktuell sinn 192 Patienten hospitaliséiert, dovun 31 op der Intensivstatioun. Domadder hu bannent de leschte 24 Stonnen 19 Patienten d’Klinick verlooss. Am Ganze konnte bis ewell 486 Mënschen d’Spidol nees verloossen.

Covid-19: rectification de chiffres erronés (14.04.2020)
Communiqué par: ministère de la Santé
Date:
Mardi 14.04.2020
Suite à une erreur de transmission matérielle, le ministère de la Santé a procédé à une rectification du nombre de décédés suite au Covid-19, de sorte que le nombre total de défunts s’élève à la date d’aujourd’hui à 67 personnes.
