Den Escher Centre hospitalier kritt den 1. September eng nei Spëtzt
Bis Enn des Mounts soll den ëmstriddene Generaldirekter vum Escher Centre hospitalier, den Hansjörg Reimer, dee Posten néierleeën.
Antëscht steet fest, vum 1. September u wäert et eng nei Spëtzt an der Direktioun vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch ginn. Den aktuelle Generaldirekter Hansjörg Reimer wäert vun do un da just nach als Dokter am Chem schaffen an net méi als Direkter. Ma d'Sich no engem Successeur schéngt net esou evident ze sinn.
Den Hansjörg Reimer wier sech mam Verwaltungsrot eens gewiescht, dass een um Poste vum Generaldirekter eng Persoun bräicht, déi sech zu 100 Prozent ëm d'Geschécker vum Chem këmmert an net niewebäi nach als Dokter praktizéiert, esou de President vum Verwaltungsrot an Escher Buergermeeschter, Georges Mischo, am RTL-Interview.
Weider wëll de Georges Mischo awer weder confirméieren, dass de Verwaltungsrot bis ewell schonn 3 potentiell Kandidate gesinn hätt, nach, ob dobäi schonn een zeréckbehale gouf oder net.
„Natierlech hu mir eis Gedanke gemaach, wéi mir deen Neien oder déi Nei géife fannen an dunn hu mer och e Bureau de recrutement ugestallt, deen ze sichen. Mä op weider Informatioune wëll ech elo verzichten, fir net erëm Rumeuren an d'Welt ze setzen, déi kengem eppes bréngen, weder dem Chem nach engem neien Directeur général oder enger neier Directrice générale.“
Gläichzäiteg wier och net sécher, dass ee bis den 1. September tatsächlech eng gëeegent Persoun fonnt hätt.
„Dat kann ech Iech net soen. Mir sichen natierlech an et ka sinn, dass mir virdrun een hunn. Et kann och sinn, dass mir kuerz duerno een hunn. E Spidol, wéi d'Ettelbrécker Spidol huet ee Joer laang ouni Directeur général funktionéiert. Dat wëll ech natierlech net, dass et esou laang géif daueren. Mir loossen eis Zäit. Mir wëllen dee richtege Kandidat oder déi richteg Kandidatin fannen a mir loossen eis déi néideg Zäit. Mir wäerten eis duerch keen ënner Drock setze loossen, fir e Schnellschoss ze maachen, fir dass mir no e puer Méint erëm soen: Oh freck, wat hu mir elo do gemaach. Lo hu mir dee falsche Kandidat oder déi falsch Kandidatin ausgewielt.“
De Generaldirekter misst iwwerdeems Medezinner sinn, Manager-Qualitéiten hunn a kapabel sinn e Betrib vun 1.800 Leit effikass ze leeden, esou de Georges Mischo weider.