EnseignantsgewerkschaftenKritik u "lächerlech" niddreger Zuel u Maske fir d'Léierpersonal

RTL Lëtzebuerg
D’Enseignantë solle jo elo FFP2-Maske kréien, d'Enseignantsgewerkschaft SNE-CGFP an och d'Féduse kritiséiert awer d'Strategie vum Ministère.

D’Enseignantsgewerkschaft SNE-CGFP freet e Méindeg de Moien an engem Communiqué, ob dat “just eng Marketing-Campagne vum Educatiounsminister” Claude Meisch wier.

Den SNE begréisst zwar, datt de Ministère endlech agesäit, datt de Virus sech och an de Schoule verbreet, mee kritiséiert elo eng “lächerlech” niddreg Zuel u Masken, déi d’Enseignantë sollen zur Verfügung gestallt kréien.

D’Gewerkschaft rifft de Minister op, “endlech Neel mat Käpp” ze maachen an d’Personal op senger Aarbechtsplaz “effektiv” ze schützen.

De Communiqué vun der Enseignantsgewerkschaft SNE-CGFP

Back to Top
CIM LOGO