OGBLNeie Kollektivvertrag fir ronn 130 Mataarbechter vum ACL

RTL Lëtzebuerg
Dem Zentralsekretär Kevin Dechmann no géifen d'Aarbecht an den Asaz vum Personal domat besser unerkannt ginn.
Vu lénks no riets: Thomas FONTANA (Direkter vun de Ressources humaines, ACL); Louis-Nicolas BIER (Operatiounsdirekter, ACL); Miriam Eisenmenger (Generaldirektesch, ACL); Kevin Dechmann (Zentralsekretär, OGBL); Flavio BARROSO (President vun der Personaldelegatioun, ACL).

© ACL

Den ACL an den OGBL hunn den 19. November en neie Kollektivvertrag fir ronn 130 Mataarbechter vun ACL Services SA ënnerschriwwen. Den Accord trëtt den 1. Januar 2027 a Kraaft a gëllt fir dräi Joer. E bréngt eng Rei Verbesserunge bei de Paien an den Aarbechtskonditiounen.

Esou klammen ënner anerem d'Zouschléi fir Nuetsaarbecht op 30 Prozent a fir Sonndesaarbecht op 80 Prozent. Och verschidde Primme ginn erhéicht.

Donieft ginn d'Reegele fir den 13. Mount ugepasst. No zwee Déngschtjore kréien d'Mataarbechter e kompletten 13. Mount. Am éischte Joer ginn et 25 Prozent pro rata, am Joer drop 75 Prozent.

Och beim Congé ginn et Neierungen: Wie 15 Joer am Betrib schafft, kritt een zousätzleche Congésdag. Ausserdeem gëtt d'Méiglechkeet agefouert, Congésdeeg un aner Mataarbechter ze spenden.

D'ACL-Generaldirektesch Miriam Eisenmenger betount, datt den Accord d'Vertrauen an d'Zesummenaarbecht tëscht der Direktioun an de Mataarbechter stäerke soll.

Den offizielle Communiqué.pdf
Vu lénks no riets: Helena MAGALHAES (stellvertriedend Zentralsekretärin); Thomas FONTANA (Direkter vun de Ressources humaines, ACL); Kevin Dechmann (Zentralsekretär, OGBL); Miriam Eisenmenger (Generaldirektesch, ACL); Flavio BARROSO (President vun der Personaldelegatioun, ACL); Joé SCHULER (Vizepresident vun der Personaldelegatioun, ACL); Louis-Nicolas BIER (Operatiounsdirekter, ACL); Arnaud LIEGEOIS (Sécherheetsdelegéierten, ACL); Angela BINTZ (Gläichstellungsdelegéiert, ACL).

Back to Top
CIM LOGO