De Corona-Vaccin vun AstraZeneca wäert wuel och zu Lëtzebuerg bei Leit iwwer 65 Joer an den Asaz kommen.

Den zoustännege Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses huet dës Recommandatioun an hirem Avis ginn. Dat krut RTL vun der Santé confirméiert.

An d'Regierung wäert deem och héchstwarscheinlech nokommen.

E Freideg géif am Regierungsrot awer nach gekuckt ginn, wéi een Impakt dat op déi verschidde Phase vun der nationaler Impfstrategie huet.