Illegale Rave zu HengeschtVerschidden Ugekloten net mat Ausso vu Police averstanen

Michèle Sinner
En Dënschdeg de Moien huet zu Dikrech de Prozess géint eng ronn 60 Leit ugefaangen, déi am Juli 2025 op enger illegaler Rave-Party zu Hengescht dobäi waren.
© Domingos Oliveira

D'Organisatioun am klengen Dikrecher Geriicht war eng gréisser Erausfuerderung. Obschonns just annerhallef Dose vun den Ugeklote sech selwer presentéiert haten, déi alleguer aus Holland oder Flanderen ugereest waren. Et war kaum genuch Plaz fir d'Ugekloten, Affekoten, Iwwersetzer, Zeien an d'Journalisten.

De Prozess ass lassgaange mat der Zeienausso vum Commissaire en chef Yves Seiwert. Hien huet beschriwwen, wéi d'Police alertéiert gouf an agegraff huet, fir d'Party opzeléisen. Dobäi goufen et Diskussioune mat den Ugekloten, well de Polizist ausgesot huet, et wiere just Leit viru Geriicht, déi refuséiert hätten, de Site fräiwëlleg ze verloossen, wéi se opgefuerdert goufen. Eng Rei vun den Ugeklote wollten dat awer net stoen loossen. Si hätten engersäits laang gebraucht, fir hir Saachen anzepaken an hätten dono am Stau gestanen, fir duerch d’Policekontrollen.

De Prozess geet en Dënschdeg de Mëtten direkt virun an dauert bis en Donneschden.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO